Biisser Dammen Turnveräin

Iwwert eis

Biisser Dammen Turnveräin

Schonn zanter iwwer 35 Joer besteet de Biisser Dammen Turnveräin. Déi éischt Statute goufen den 12. Dezember 1985 hannerluecht. An der Saison 2022/2023 hate mer 188 aktiv Memberen, déi sech op 13 verschidde Course verdeelt hunn. Ganz vill komme méimools an der Woch, well jo d’Coursen och ganz ënnerschiddlech sinn. Bekanntlech mécht et vill Spaass an et kritt een och méi Kraaft, wann een an engem Grupp schweesse kann. Sämtlech Course gi gehal vum Steffi Jurkszajtis a vum Fraenz Nickels.

Nei dëst Joer ass, datt mer eis, am Kader vun der Modernisatioun vun eise Statuten, en neien, méi neutralen Numm ginn hunn. Schliislech riichten eis Course sech net nëmmen un Dammen, mä och Häre si wëllkomm. Mir heeschen elo Bi-Fit.

D’Course sinn an der neier Sportshal 1, rue des Sports L-7795 Biissen, wou den Turnveräin e Sall am 2. Keller huet. Déi ganz Offer fannt Dir och am Uschloss.

Natierlech läit den Haaptakzent vum Club op dem Sport, mä och de sozialen Aspect ass net ze vergiessen. De Bi-Fit  organiséiert all Joer am Fréijoer en Thé dansant, hëlt am Juni un der Nuit des Sports deel an ass feste Bestanddeel vum Chrëschtmaart. Do derbäi fënnt ee Vertrieder vum Club bei alle Manifestatiounen, déi vun der Gemeng organiséiert ginn.

Momentan besteet de Comité aus 8 Memberen: Präsidentin: Rita Szkolik-Hillmann, Vizepräsidentin: Renée John-Heynen, Caissière: Gaby Marnach-Conzemius, Sekretärin: Josiane Kiefer-Schaul, Memberen: Edith Roilgen, Francine Kayl-Ley, Berthy Engelmann-Fonck, Nelly Michels-Scheltgen.

Coursen

Sportprogramm 23/24

Galerie

Kontakt

 

Dir hutt Froen?

Da schreift eis eng Email op biisserdammenturnverain@clubee.club oder rufft eis un:

PräsidentinRita SzkolikTel: 621 725 401
VizepräsidentinRenée JohnTel: 691 610 233
SekretärinJosiane KieferTel: 621 356 726
KassiererGaby MarnachTel: 621 276 617